Schlass

Féierungen duerch d'Schlass an d'Annexen si méiglech.

Heibäi si folgend Krittären an Informatiounen ze consideréieren:

  • eng Féierung muss am viraus bei der Gemeng Fréiseng ugefrot ginn

  • bei Zoustëmmung vun der Gemeng kann d'Féierung mat Ofsprooch vun den Uespelter Schlassfrënn op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch stattfannen

  • Gruppe sinn op maximal 20 Persoune beschränkt

  • fir eng Féierung mat enger Präsentatioun iwwert d'Geschicht vum Schlass sollten ongeféier 2 Stonnen ageplangt ginn 

  • de Site ass fir Rollstullfuerer zougänglech

Visite guidée

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Fréiseng organiséieren d'Schlassfrënn reegelméisseg Eventer: Ausstellungen, Concerten, Filmvirstellungen a verschidden aner kënschtleresch Aktivitéiten. Dës Evenementer fannen normalerweis am aussergewéinleche Kader vun de Schlasshalen oder dem Schlasshaff statt. 

En Iwwerbléck iwwert déi verschidde vergaangen an zukünfteg Evenementer am Schlass wäert geschwënn ënnert der neier Rubrik Schlassnews publizéiert ginn.

Evenementer an Aktivitéiten